Berlinale 2023 - 2. Blog vum Joy HoffmannD'Ouverture an den éischte Lëtzebuerger Film

Joy Hoffmann
Mat Bezuch op mäin 1. Blog, freeën ech mech, dass d'Distributioun vun den Ticketen supergutt verleeft, an engem doduerch vill Stress erspuert bleift.
© Daniel Seiffert / Berlinale 2018

Holz upaken....an däers gëtt et nach ze vill hei. D’Situatioun um Potsdamerplatz ass nämlech vill méi schlëmm, wéi ech dat aus der däitscher Press erausgelies hat. Masseg Geschäfter a besonnesch Restauranten sinn zou. Di al Potsdamerstrasse, déi riicht op de Berlinale-Palast féiert ass zur Hallschecht an der Mëtt duerch e Chantier an eng Holzmauer an zwee gespléckt, sou dass een net vun der enger Säit vun der Strooss op di aner gesäit. Schlëmmer ass et vis à vis am Sony Center. De Multiplex Cinestar an och vill Geschäfter a Restaurante stinn eidel do. Besonnesch den iwwerdeckten a soss attraktiven a liewegen Bannenhaff ass en eenzege, groussen, och vun enger héijer Holzwand ëmzéngelte Chantier. Also Aen zou, derduerch, an opootmen, wann een de Berlinale-Palast oder deen nach oppenen CinemaxX-Komplex an hir Kinossäll erreecht huet. Bon.. Chantiere mussen et wuel och ginn, fir dat et duerno besser gëtt....hoffentlech. Fir de Moment ass de Potsdamer Platz op alle Fall keen Hotspot fir d’Touristen.

De Wolodymyr Selenskyj an eng Hollywood romantesch Komedie vun der spezieller Zort.

De Wolodymyr Selenskyj weess, wéi ee Krich féiert, um Terrain an an de Medien. Souguer op der Ouverture vun der Berlinale hat e sech per Video live ageschalt, dat no enger Introduktioun vum Sean Penn. Den Aktivist an Hollywoodacteur war am Gaang, zu Kiew e Film iwwert de Selenskyj ze dréinen, wéi dem Putin seng éischt Bommen ageschloen hunn. Säin Dokumentär SUPERPOWER gëtt an der Sektioun Berlin Special Gala gewisen.

© 2022. THE PEOPLE’S SERVANT, LLC. ALL RIGHTS RESERVED

Den Ouverture Film SHE CAME TO ME, deen net a Kompetitioun ass, war éischter liichte Kascht, ugepasst un di vill offiziell Invitéen fir d’Ouverture, déi jo net onbedéngt all hardcore Cinéphile sinn. Trotzdeem war et eng éischter sympathesch an deels och originell romantesch Komedie vum Rebecca Miller (Duechter vum groussen Schrëftsteller Arthur Miller), déi schonn zwee Mol op der Berlinale war mat “Maggie’s Plan"(2015) an “The Private Lives of Pippa Lee” (2009).

De Film dréint ëm zwou wéineg konventionell Famillen. De klengewuessenen Operekomponist (Peter Dinklage, aus Game of Thrones) ass bestuet mat enger kathoulescher, vu psychoteschem Botzfimmel behafter Psychiaterin (Anne Hathaway) déi e schwaarze Bouf, huet aus enger anerer Relatioun. Dësen ass verléift an di 16 järeg Duechter vun enger polnescher Immigrantin, déi der Psychiaterin beim Botzen vun hirer schicker Villa hëlleft. De Stéifpapp ass e bornéierte Rassist a Fetischist vun historesche Krichsrekonstitutiounen. D’Geschicht hëlt Faart op, wéi de Komponist deen an enger kreativer Pann ass, e ‘one night stand’ mat enger Schlepperkapitänin (Marisa Tomei) huet, déi net nëmme Schëffer ofschleeft, mee och reegelméisseg Männer. Si nennt sech, am Hollywood- Komedie- Jargon awer " addicted to romance” (esou heescht och dem Bruce Springsteen sei Schlusslidd vum Film). Wéi di zwee beknackten Erwuessen déi ‘onhelleg’ Wourechte gewuer ginn, flippen ech se aus. Méi séif hei net verroden, well de Film fir de Lëtzebuerger Territoire zu Berlin verkaf gouf an deemno misst en och bei ons an de Kino kommen, genau wéi dem Rebecca Miller hir viregt Filmer.

SHE CAME TO ME hëlt mat de Personnagen vum Stéifpapp an der Psychiaterin amerikanesch gesellschaftlech a politesch Mëssstänn op d’Schëpp, a scheit net virun gezielter Karikatur: éischter ongewinnt fir eng romantesch Komedie. Och d’Ëmsetzung vum Komponist senger Affär mat der Kapitänin a seng nei Oper, ass näischt Aneschtes wéi klassesch Elementer vun der romantescher Komedie an d’Extrem pousséieren. Wärend dëst éischter onkonventionell ass fir eng romantesch Komedie, ass dogéint d’Relatioun tëschent den zwee Jugendlechen, an der Romeo-a-Juliet- Traditioun méi konventionell traitéiert, an dëse Melange harmonéiert net onbedéngt.

D’Recca Miller ass och villäicht ze vill eescht a konsequent beméit, esou vill wéi méiglech Klischeeën vum Genre op d’Schëpp ze huelen, dass et doduerch heiansdo u Rhythmus feelt, an e bësse konstruéiert wierkt. Trotzdeem, wann di ganz grouss Laacher och ausbleiwen, esou priméiert hei kloer d’Komedie iwwert d’Romantik, an dat deet gutt, besonnesch e puer Deeg nom Valentins-Dag-Rummel.

Net wäit vum Berlinale-Palast war awer och nach eng weider interessant Ouverture mat engem Lëtzebuerger Animatiounsfilm. D’Sektioun “Panorama” huet am Zoo-Palast, dem fréieren Zentrum vun der Berlinale, als Ouverture vun hirem Programm den Animatiounsfilm LA SIRENE vun der iranescher Realisatrice Sepideh Farsi gewisen, déi säit laangem am Exil lieft an och scho mat Lëtzebuerg hire viregte Film “I will cross tomorrow” produzéiert hat. Et ass och keen Zoufall, dass bei den zwou gréisseren Ouverturen zu Berlin d’Ukrain an den Iran am Vierdergrond stinn.

LA SIRENE, dee vum David Grumbach vu Bac Film, zesumme mat onsen dräi Nopeschlänner ko-produzéiert gouf, spillt matzen am Bombardement vun der iranescher Grenzstad Abadan duerch den Irak ufanks der 80er Joren. De jonken Omid ass an der belagerter Stad bliwwen a waart op säi Brudder, deen op der Front ass. Mee no an no gëtt d’Situatioun onhaltbar an den Omid organiséiert mat sengem Schëff d’Flucht aus der Stad a vereenegt esou an enger Aart Arche Noé, eng ganz Rei vu Personnagen, déi verbonne si mat allméigleche Gebräicher an Traditiounen, déi säit der islamescher Revolutioun verbuede goufen.

© Les Films d’Ici

Mat enger ganz stiliséierter Animatioun, wou a groussen Faarweflächen, niewent rout, di blo-gro a brong Téin dominéieren, gëtt di erdréckend Atmosphär vun enger Stad kuerz virun der totaler Zerstéierung excellent erëm ginn. Och di hypnotiséierend Musek déi Trommen melangéiert mat aneren traditionelle Museken an déi vum franséischen Jazzmuseker Erik Truffaz arrangéiert gouf, dréit dozou bei. La SIRENE ass en impressionanten Animatiounsfilm an eng kloer Condamnatioun vum islamesche Regime, deen eng räichhalteg a ganz diversifiéiert Kultur zerstéiert huet.

Dem Joy Hoffmann seng Bloggen am Iwwerbléck

Berlinale 2023 - 1. Blog

Back to Top
CIM LOGO