
Den Zoufall vun der Programmatioun huet et gewollt, dass mer am Ufank dräi Lëtzebuerger Filmer gesinn hunn, an een aus der Kompetitioun... dobäi verdrängen ech de Fait, dass “Maret” vum Laura Schroeder och an der Kompetitioun vum Festival ass.
An de Film vum Laura Schroeder hat net onbedéngt dee glécklechsten Astig an de Festival. Déi 40 Joer al Maret leit ënnert partieller Amnesie a ka sech un näischt méi aus hire leschten 20 Joer erënneren. No an no versicht si erauszefannen, wat fir eng Zort Mënsch si eigentlech war, an dobäi kënnt net vill Erfreeleches eraus. Se hätt elo, duerch e neurochirurgeschen Agrëff d’Méiglechkeet, zu engem besseren an zefriddenen Mënsch ze ginn.

Eigentlech kéint dëst en interessant Thema sinn iwwer d’Essenz a Selbstbestëmmung vum Mënsch, iwwer Ethik, Moral a Wëssenschaft. Mee nee. D’Laura Schroeder huet decidéiert, hiren introvertéierte Personnage an d’Lavawüüst vu Lanzarote ze schécken, op der Sich no hirer Personalitéit. Dobäi hätt d’Maret sech kënne bei hirer beschter Frëndin an hiren Elteren ëmfroen, an dat direkt um Ufank vum Film, amplaz zum Schluss. Da wären engem dat laangt Wandere vu Plaz zu Plaz, déi eidel Blécker duerch Fënstere, mat oder ouni Rideau, erspuert bliwwen. Et waart ee verzweiwelt drop, dass de Personnage reagéiert, mee et kënnt einfach näischt. Iergendwéi fënnt een trotzdeem no a no eraus, dass se muss e gestéiert Verhältnis zu Männer gehat hunn, well wuel d’Ënnerbewosstsinn hir de Rejet vun alle Männer, déi se begéint, diktéiert.
Soss ass dee laangen rituellen Danz, dee plëtzlech out of nowhere opdaucht, typesch fir de ganze Film: de Spectateur kritt kaum eng Anung, wat am Kapp vum Personnage oder der d’Realisatrice virgeet. Déi ethesch Fro vun dem potentiellen Impakt vun der Neurochirurgie op de Mënsch bleift leider och just e Gimmick. De Film ass a sengem luese Rhythmus a senger Form op d’mannst koherent a konsequent, mee dat ass, trotz den affichéierten Ambitiounen an der gudder Interpretatioun vum Susanne Wolff, net duergaangen, fir eng Selektioun an engem vun de sëllegen internationale Festivaller ze ergatteren, esouguer net am Forum op der Berlinale, wou d’Laura Schroeder ëmmerhi viru 6 Joer mat hirem “Barrage” selektionéiert war.
Dass elo de Luxfilmfest a leschter Instanz aspréngt, ass erstaunlech, sinn dach Qualitéitskrittäre vum Lëtzebuerger Festival, fir an der Kompetitioun matzemëschen, normalerweis bedeitend méi exigent. Mee et ass en offent Geheimnis, dass Drock op de Selektiounscomité vum Festival gemaach gouf. Wéi staark dee war a wéi vill de Festival sech fléiwe gelooss huet, weess ech net. Mee mat esou Methoden éiert kee sech.
De Film leeft nach
E Passage an der Wüüst schéngt de Lëtzebuerger Filmer net gutt ze bekommen. Dem Margarethe von Trotta hiren Trip an di Ägyptesch Wüüst mam Ingeborg Bachmann, huet ze engem vun de schwaachste Filmer op der Berlinale gefouert. Esouguer d’Vicky Krieps huet sech kritesch zum Film geäussert (cf onsen Berlinale Blog hei an der Rubrik Kultur).
Mee och den Trip vum Fabrizio Maltese an d’Mauretanesch Wüüst, war e manquéierte Rendezvous. Hien huet dem Pol Cruchten säi Projet, “Visages d’Afrique” iwwerholl, deen deen zesumme mam grousse Realisateur Abderrahmane Sissako sollt dréinen. Tëschent deenen zwee begeeschterte Realisateuren, war de Fonken iwwergesprongen, an dëse Fonken war och de Kär vum Projet. De Schock war natierlech grouss, wéi kuerz virum Tournage de Pol onerwaart gestuerwen ass. Ech ka verstoen, dass d’Produzenten iergendwéi wollten de Film trotzdeem, e bëssen och als Hommage an Erënnerung un de Pol, duerchzéien. Am Nachhinein, mengen ech, huet dat sech allerdéngs als keng gutt Iddie erwisen. Ech erënnere mech an dësem Kontext och un den Dokumentär “River Tales” vum Julie Schroell, dat och wäit bis an de Nicaragua gereest ass, warscheinlech och just mat vage Virstellungen, fir mat quasi näischt erëmzekommen, wat et net och mat enger Klass an engem TheaterAnimateur am Éislek hätt kënnen dréinen.
Och de Fabrizio Maltese huet säi Sujet verpasst: de Sissako hat ëmmer Excusen fonnt fir en ni ze begéinen, an esou koum de Fabrizio just mat schéinen, exotesche Biller aus der mauretanescher Wüüst zeréck. De Fabrizio ass en excellente Fotograf, dee weess wat e Cadrage ass. Trotzdeem: di laang Droneflig iwwert d’Landschaften hunn mat der Zäit genervt. D’accord, de Realisateur huet versicht e bësse méi doraus ze maachen. Och wann ech dem Fabrizio Maltese als Mënsch dee Reproche net wëll maachen, esou ass de Film, mat sengem opgesaten “poetesche” Kommentar, dach um Enn, den Trip vun engem wäisse Mann, déi sech am Kontakt vun der afrikanescher Wüüst a sengen Bewunner, “ressourcéiere” geet. An di Gros Planen op d’Leit, als Referenz op dem Pol säin Originaltitel, wierken och opgesat.
Elo gëtt et Zäit, dass ech e bësse manner streng ginn. An dem Jacques Molitor seng “KOMMUNIOUN” gëtt mer dozou d’Geleeënheet, och wann do munches net klappt.
D’Elaine erzéit hiren 10 järege Bouf eleng. Vum Papp weess een a priori kaum eppes. Deen ass nach virun der Gebuert op mysteriéis Manéier verschwonnen. De Bouf mécht awer ëmmer méi Problemer, behëlt sech aggressiv a béisst esouguer di aner Kanner. Wéi d’Situatioun méi schlëmm gëtt, decidéiert d’Elaine bei senge Schwéierelteren Hëllef sichen ze goen.
Dat ass eng räich, äerzkonservativ, kathoulesch Wënzerfamill vun der Musel, déi näischt vun hirem Enkel wossten, awer trotzdeem d’Mamm an de Bouf mat offenen Äerm ophuelen. No an no stellt sech awer eraus, dass sech hannert der biergerlecher Facade vun der Famill en onheemlecht Geheimnis verstoppt.

De Lëtzebuerger Titel vum Film: “Kommunioun” vermëttelt , a senger duebeler Bedeitung, di zwou Haaptthematiken vum Film. Dat ass enger säits di ganz enk Verbindung, tëschent der Mamm an dem Bouf, déi iwwer alles geet, an op där anerer Säit, di kierchlech Zeremonie iwwert déi d’Mamm an de Bouf der Famill soll bäitrieden, sech de Reegelen a Normen upassen, an eigentlech domat och hir Fräiheet opginn. Béid sinn, jiddereen op seng Manéier, Friemer, Aussesäiter a sinn gebieden sech ze integréieren, wann se Hëllef wëlle kréien.
Den engleschen Titel vum Film: “Wolfkin”, wat esouvill heescht wéi “jonke Wollef” , ass dogéint vill méi explizitt. En deit vun Ufank un op dat aussergewéinlecht Schicksal vum Bouf hin, a situéiert och de Film an de Kader vum Genre Kino. Eng Rei klassesch Elementer vum Cinéma fantastique si gekonnt an de Plot agebaut ronderëm d’Thematik vu Selbstbestëmmung, Fräiheet an bedéngungslos Léift. Allerdéngs wierkt de Schluss vum Film verhaselt, a bei der Duerstellung vun der Famill feelt et um néidegen Developpement vun de Personnagen, esou dass déi ze vill clicheehaft an iwwerdriwwe wierken.
Zimmlech onbetraff dovun bleift allerdéngs déi ganz schéin Mamm-Jong Relatioun, déi iwwerzeegend eriwwerkënnt, och dank der exzellenter Franséischer Schauspillerin, Louise Manteau an der Roll vun der Mamm.
En 1. excellente Film an der Kompetitioun.
Bei sougenannte “coming of age” Filmer, oft gekoppelt mat Familjeprobleemer, wat jo quasi e Genre fir sech ginn ass, iwwerleeën ech mer et zweemol , éier ech mech do erawoen. Meng Decisioun all Kompetitiounsfilmer kucken ze goen, huet mer hei all Hesitatiounen ewechgeholl, an ech hunn dat och net bereit. Den TENGO SUENOS ELECTRICOS aus dem Costa Rica (awer mat europäesche Sue produzéiert) ass en aussergewéinlechen an oséierte Film.

Dem 16 järege Eva hir Eltere si gescheet, well de Papp gewalttäteg ass. D’Eva wunnt bei der Mamm, zu där se awer kee richtegt Vertrauensverhältnes huet. Hat fillt sech zum Papp higezunn, mat deem et sech besser austausche kann, deen awer an enger toxescher Erwuessene Welt lieft, a seng Aggressiounen net ënner Kontroll huet. D’Realisatrice Valentina Maurel bréngt et fäerdeg, mat vill Takt awer ouni Prüderie ze weisen, wéi d’Eva aus dëser Haass/Léift Relatioun zum Papp, gekoppelt mat der d’Exploratioun vun hirer Sexualitéit, gestäerkt eraus kënnt, allerdéngs ouni grouss Illusiounen iwwert d’Erwuessenewelt.
De Film leeft nach den Donneschdeg, 9. Mäerz um 16.00 Auer an der Cinemathéik.
