
Dat huet de Brancheverband RIAA en Donneschdeg matgedeelt.
Laang waren d’Placken an den Hannergrond gedrängt ginn, ma zanter e puer Joer erliewe se e Comeback. Dat och net just bei den Amateuren. Allerdéngs leien d’Verkafszuele bei de Placken, genee wéi bei den CDe wäit hannert der Beléiftheet vu Musek-Streamingen am Internet. D’lescht Joer louch de Streaming-Ëmsaz an den USA bei 13,3 Milliarden Dollar (ëmgerechent 12,6 Milliarden Euro). Dat ware 84 Prozent vun alle Museksëmsätz.