
2015 hat de LuxFilmFest der Signe Baumane hiren éischten Animatiounsfilm “Rocks in my Pocket” a Kompetitioun gewisen. Déi lettesch Realisatrice huet do mat Witz a schwaarzem Humor de ganz eeschte Probleem vun der Depressioun traitéiert a sech gefrot, ob si sech dem Fluch vun Generatioune vun depressive Fraen entzéie kéint an ob dat schlussendlech net dach ierflech wier.
Hiren neiste Film “My Love Affair With Marriage” ass elo an der Sektioun “Made in /with Luxembourg” gewisen a vun Antevita koproduzéiert ginn. Zu Lëtzebuerg gouf haaptsächlech den Toun bei “Philophon” gemaach.
Dës Kéier gëtt déi deels autobiographesch Geschicht vum Zelda erzielt, déi konditionéiert gouf déi grouss Léift ze sichen an dee perfekte Mann ze fannen, dee si bestit an dee sech ëm si bekëmmert. Dës Experienz ass allerdéngs bei der Realisatrice zweemol schifgaangen an d’Signe Baumane gräift dann op d’Wëssenschaft zeréck fir erauszefannen, wat genau bei esou tëschemënschleche Bezéiungen am Gehier passéiert an ob et net villäicht aus biologesche Grënn ass, dass d’Iddi vun der grousser Léift a besonnesch dem Bestietnis seelen an der Praxis fonctionéiert. Och wa seng biologesch Analysen total eescht a vu Wëssenschaftler validéiert sinn, esou verhënnert dat net, dass “My Love Affair With Marriage” e witzegen, originellen, ausgeloossenen, temperamentvollen a komplexe Film ass, wéi et der wéineg gëtt.
De Festival huet anscheinend aus ronn 50 Soumissioune schlussendlech 19 Courts-Métragen zeréckbehalen, déi fir d’éischte Kéier an zwee Owender gewise ginn.
Ech kritiséieren zanter Laangem, wéi de Filmfong - an an dësem Fall spillt de Fong eng primordial Roll am Kader vum Festival - dacks onräif d’Projet ënnerstëtzt. Fir mech ass de Manktem u Qualitéits-Exigenzen an eng vill ze labber Selektioun ee vun den Haaptprobleemer am Filmfong, a bestëmmt net Restaurantsrechnungen oder farfelu Accusatioune vu frustréierten Investigatiounsjournalisten.
Eng méi strikt Selektioun bei de Courts-Métragen wär dofir fir mech net vu Muttwëll gewiescht. Ech verstinn zwar, dass dat net op vill Géigeléift gestouss wier, an och haart wär, fir déi, déi hiert ganzt Häerzblutt an esou e Film gestach hunn. Mee villäicht géife sech da verschidde Leit, déi sech beruff fillen, a Fro stellen, a sech selwer d’Lat méi héich setzen amplaz, dass se sech hei mat engem schwaache Film validéiert fillen.
Ech kann op dëser Plaz natierlech net all déi 9 Filmer am Detail kommentéieren, déi an der éischter Seance gewise goufen. Dofir beloossen ech et bei deene Filmer, déi fir mech souwuel thematesch wéi formal op der Héicht waren.

Et ass net einfach Animatiouns an Dokumentarfilmer mat Fiktiounsfilmer ze vergläichen. Et ass awer e Fakt, dass souwuel “L’Ogre” wéi “Glimmen” allebéid an hirem Genre vun top Qualitéit waren. Dass Zeilt Productions, déi en Oscar fir “Mr. Hublot” kruten, wéi déi meescht Lëtzebuerger Animatiounsstudioen op techneschem Niveau international konkurrenzfäeg sinn, ass scho laang gewosst. Mee “L’Ogre” vum Aurélien Pira ass doriwwer eraus och eng schéin a gelonge Geschicht iwwer haislech Gewalt.

“Glimmen” vum Ken Rischard ass een net nëmme nostalgeschen Noruff op den Niddergang vun der Lëtzebuerger Stolindustrie. “Stëmme vun der Schmelz” leien iwwert Biller vun der Desolatioun vun abandonéierten industrielle Gebaier bis zum Schluss dës Stëmme physesch fir d’éischt am Dekor ecraséiert, duerno vu ganz no Form unhuelen. Et war dee Film, deen am meeschten applaudéiert krut.

De witzegste Film vum Owend war ouni Zweiwel den “Date Night”, dee sech zum Schluss allerdéngs méi eescht erwisen huet, wéi ufanks ugeholl - eng Charakteristik vum Gintaré Parulyte senge Wierker. En Dësch an dräi Personnagë fir en Date: wann do d’Dialogen an d’Acteuren net op der Héicht sinn, fonctionéiert dat net. Béides ass hei excellent, dank enger ganz präziser Mise en scène an engem perfekten Timing, besonnesch och beim Asaz vun der Serveuse. D’Sarah Lamesch, och wann et méi eng kleng Roll hat, hätt nieft dem Stephen Hogan an dem Sophie Langevin och eng Plaz am Generique vun de Publikatioune vum Festival verdéngt.

Dem Cyrus Neshvad seng viregt Filmer hu mech ni richteg iwwerzeegt, ouni dass se schlecht gewiescht wären. Zweemol de Präis fir de beschte Kuerzfilm beim Lëtzebuerger Filmpräis hat en op alle Fall net verdéngt. De Cyrus huet sech awer ëmmer als excellenten PR-Mann fir seng Filmer erwisen an hie wosst, wéi ee kéint de Walmodus zu senge Gonschten ausnotzen. Wann en dat och elo esou gutt zu Los Angeles mécht, kéint esouguer en Oscar dobäi eraussprangen. Säi Film “La Valise Rouge” ass des Kéier awer wierklech iwwerzeegend, e “klengen” Thriller mat engem wichtegen aktuellen Thema - d’Schicksal vun de moslemesche Fraen am Iran a soss och a villen islamistesche Länner - excellent ëmgesat, villäicht e bëssen ze klassesch, mee gutt klassesch ass och gutt.

Dogéint war “You Kai” vum dem Frédérique Buck e richtege “Projet casse gueule”. Besonnesch no sengen oninspiréiertem “Gutmensch-Film” ,"Grand H” mam Jean Asselborn iwwert d’Migratiounskris, huet e weidere Film zu deem Sujet, wéi hei den “Djungel” vu Grande-Synthe als schänterlecht Migrantelager a Point de Depart fir d’Rees eriwwer an England mech net berouegt. An dach ass “You Kai” e wierklech originellen a beweegende Film, iwwert e jonkt Meedchen, dat sech aus der Misär erausdreemt. E bësse manner Symbolik, wéi den Teddy-Bier, dee seng Ae verléiert, hätt dem Film sécherlech net geschuet. Et ass awer wonnerbar gelongen d’Biller vun der haarder Realitéit mat de Collage-aartege, gemoolten, animéierte Biller vun den Dram-Sequenzen, harmonesch ze fusionéieren.
Eng Diskussioun wie vun deene kommentéierte Filmer elo de beschte wier, wëll ech hei net féieren, besonnesch wou nach 10 aner Kuerzfilmer um Programm stinn.