Den 8. November 1895 entdeckt den däitsche Physiker Wilhelm Conrad Röntgen a sengem Laboratoire zu Würzburg zoufälleg d’Rëntgestralung. Domadder revolutionéiert hien net just d’Medezin, ma seng Entdeckung inspiréiert och d’Konschtwelt.
130 Joer méi spéit kann een am Weltkulturierwen Völklinger Hütte am Saarland elo déi éischt Ausstellung zu genau dësem Thema entdecken.