
D’Monique Becker ass bekannt fir hir grouss, däischter Molereien, fir hiren dynameschen Ëmgang mat der Toile, ma och fir hir Sensibilitéit.
A Kollaboratioun mat der Valerius Art Gallery presentéiert si zanter Mëtt Februar hir Expo “Where The Light Goes Quiet”, an dat an der Galerie Indépendance vun der BIL an der Stad. Mir waren eis d’Expo ukucken an hu mat der Kënschtlerin iwwer d’Evolutioun vun hire Wierker geschwat.