
D’Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater asw. verzichten.
D’Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.
Vum 23. bis de 26. Abrëll hëlt de Luxembourg City Film Festival fir déi 5. Kéier um Young Audience Award vun der European Film Academy Deel, fir dee beschten europäesche Jugendfilm vum Joer ze wielen.

Wéinst der COVID-19-Pandemie gëtt déi 9. Editioun vum EFA Young Audience Award dëst Joer komplett a virtueller Form ofgehalen.
Bis de 17. Abrëll, kënne Kinofans am Alter tëscht 12 bis 14 Joer sech umellen, fir tëscht dem 23. an dem 26. Abrëll, als Deel vum Lëtzebuerger Jury vum Award, déi dräi nominéiert Filmer op Festival Scope vun doheem aus ze kucken an aus dëse Wierker e Gewënnerfilm ze wielen: “My brother chases dinosaurs” vum Stefano Cipani, “Meine wunderbar seltsame Woche mit Tess” vum Steven Wouterlood an “Rocca verändert die Welt” vum Katja Benrath.
D’Umeldunge lafen iwwer register@luxfilmfest.lu
Och d’Dänzerin a Choreographin Elisabeth Schilling huet sech fir sech selwer, ma och fir de Public eppes Besonnesches afale gelooss, fir der Langweil am Corona-Alldag entgéintzewierken. “Schongdänz an Zäite vun der Pandemie” heescht d’Initiativ, bei där jidderee ka matmaachen. ".

De Prinzip ass ganz einfach: Dir dot Är Liblingsschong un, dréint Är Liblingsmusek op, bréngt Är Kamera a Positioun a danzt drop lass!
De Video vun Ärem Schongdanz kënnt Dir iwwer Facebook, Instagram, Twitter oder per Mail op dance@elisabethschilling.com schécken.
D’Elisabeth Schilling setzt déi kuerz Clippen zesummen a verëffentlecht dës da Woch fir Woch, a Form vun engem zesummegeschniddene Video, iwwer Facebook an Instagram, wéi och op hirem Internetsite.
D’Homepage vum Elisabeth Schilling
Deen däitsche Journalist Thilo Mischke reest fir seng Reportage-Serie “Uncovered” op déi geféierlechst Plazen op der Welt a begéint Mënschen, déi sech normalerweis ni op e Journalist aloossen a ni virun eng Kamera triede géifen: vun Drogebosser am El Salvador iwwer Organhändler an Ägypten bis hin zu moderne Sklavendreiwer an Däitschland. D’Sendung bitt Ablécker a Liewen um Rand vun der Gesellschaft.
Ma wat geschitt hannert de Kulissen?

A sengem Podcast “Uncovered” schwätzt den Thilo Mischke zesumme mat senge Gäscht doriwwer, wat hien op senge Reese beweegt. Iwwer besonnesch Aventuren, Geforen, den Doud, eben all dat, wat hien a säin Team wärend den Tournagen uechter d’Welt erliewen.