D'Wierk Guernica vum Picasso gehéiert zu de bekanntste Wierker op der Welt. Dat ausdrocksstaarkt Bild, dat symbolesch fir Leed, Péng a Krich steet, huet och bis haut net u Wierkung verluer. De Picasso, deen als bekanntste Kënschtler vum 20. Joerhonnert gëllt, huet domat en Antikrichsbild geschaaft, dat vill Generatiounen a Gesellschafte gepräägt huet. Am 4. Episod vum Presto kucke mir op seng international Wierkung, seng Heemrees a firwat Guernica haut net méi reesen dierf.