Mëttlerweil ka jiddereen alles mam Handy fotograféieren an digital festhalen. De Joseph Tomassini huet iwwert déi lescht 8 Joren Fotoen uechter Europa gemaach an dem Fotograf ass et wichteg, eben grad dës Fotoen och ouni Bildschierm ze konservéieren an zwar a Form vun engem Buch. Op 126 Säite kritt een hei d’Méiglechkeet dës verschidde Momenter aus dem Liewen duerch seng Lëns ze kucken.