
Op de Büne vum Glastonbury-Festival am Süde vun England wäerten tëscht dem 22. an dem 26. Juni ënnert anerem de fréiere Beatle Paul McCartney, d’Billie Eilish an de Kendrick Lamar stoen.
De McCartney war u sech schonn am Line-Up fir d’Joer 2020 virgesinn. De Festival huet wéinst der Pandemie awer, genee wéi och am Joer drop, missten ofgesot ginn. 2021 gouf et allerdéngs ee Live-Concert ouni Spectateuren, deen am Internet iwwerdroe gouf. Dem Paul McCartney säin Optrëtt dëse Summer fält op d’Woch no dem Museker sengem 80. Gebuertsdag.
Nieft dem Ex-Beatle trëtt och déi fënneffach Grammy-Gewënnerin Diana Ross op, genee esou wéi d’Billie Eilish, dat mat sengen 20 Joer scho siwe Grammys krut. Si ass déi jéngste solo-Kënschtlerin, déi jee als Headliner um Glastonbury Festival opgetrueden ass.
Zum Line-Up gehéieren ausserdeem nach den Noel Gallagher a seng Band High Flying Birds, déi neiséilännesch Sängerin Lorde, d’Indie-Band Foals an d’Alternative-Rockband Wolf Alice. Och d’Pet Shop Boys, Metronomy an d’Courtney Barnett si mat derbäi.
Déi gréissten Deel vun den Ticketen, déi schonn an normale Jore séier ausverkaaft sinn, ginn 2022 u Leit, déi fir déi ausgefale Festivalle schonn Tickete kaaft haten. En Deel vun de Sue soll un d’Rout Kräiz an der Ukrain goen.