Zenter fir d'Lëtzebuerger SproochGratis an Anonym Live-Ortho-Quiz e Mëttwoch um 10 an um 16 Auer

RTL Lëtzebuerg
Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch organiséiert e Mëttwoch den 8. Abrëll säin 2. Live-Ortho-Quiz (LOQ) an dat direkt zweemol: um 10 an um 16 Auer.

Gestallt ginn 10 Froen iwwer d’Lëtzebuerger Orthografie - live a gratis, online an anonym.

Jidderee ka matmaachen! Einfach matzäit op www.menti.com goen an sech do mam Code 57 79 52 aloggen. Dat Ganzt dauert ronn 20 Minutten an natierlech gëtt et och Erklärungen an um Wupp d’Topp 10 vun de Gewënner ... Vill Spaass a vill Erfolleg beim Matmaachen, sou den LOD!

Back to Top
CIM LOGO