
De Greg Lamy gëtt oft als ee vun den talentéiertsten Gittar Spiller aus der europäescher Jazz Zeen bezeechent. De Museker ass zu New Orleans gebuer an lieft haut tëschent Lëtzebuerg a Paräis.
Zu Boston a London huet hien Jazz Gittar studéiert an huet schonn op ville Plazen ronderëm d´Welt gespillt. De Greg Lamy spillt a ville verschiddene Bands, ma 2007 huet hien och säin eegene Quartett gegrënnt.
Den Owend um 20:00 Auer spillt hie live aus senger Stuff.
Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit “Live aus der Stuff”.