Live aus der Stuff am ReplayGuy Thewes

RTL Lëtzebuerg
Um 11:00 Auer erzielt hien eng Geschicht aus der Stuff.
© Christian Peckels

De Guy Thewes ass Direkter vun de Stater Muséeën, ma virdrun huet hien als Historiker am Lëtzebuerg City Museum geschafft. Haut erzielt de Guy Thewes wei d’Liewen an der Festung an Zäite vun der Cholera war. Am 19. Joerhonnert war d´Festung Lëtzebuerg nämlech dräimol vun enger schwéierer Choleraepidemie betraff. Honnerte vu Mënschen hunn net iwwerlieft. D´Leit hunn deemools ganz enk openeen gewunnt an d´hygienesch Zoustänn ware katastrophal.

Wéi huet d´Stad deemools d´Situatioun an de Greff kritt?

Um 11:00 Auer erzielt de Guy Thewes dës Geschicht.

Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit “Live aus der Stuff”.

Back to Top
CIM LOGO