Brittesche Rock-GittaristJeff Beck am Alter vun 78 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De brittesche Gittarist a Grammy-Gewënner Jeff Beck ass en Dënschdeg un de Suitte vun enger Erkrankung verscheet.
© AFP Archivbild

Hien hat als Gittarist bei de Yardbirds säin Debut gefeiert, spéider stoung hien als Museker mat Stare wéi dem Rod Stewart, Mick Jagger a Stevie Wonder op der Bün. Elo ass hien onerwaart am Alter vun 78 Joer gestuerwen. Ënner Connaisseure gëllt hien als beschte Gittarist vun allen Zäiten.

“Am Numm vu senger Famill a mat déiwer an ëmfaassender Trauer gi mir d’Nouvelle vum Jeff Beck sengem Doud bekannt”, steet op der offizieller Internetsäit vum legendäre brittesche Gittarist. Hie wier un de Suitte vun enger bakterieller Meningite gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO