DocumentaireJill Crovisier - À la recherche du corps perdu

RTL Lëtzebuerg
D'Jill Crovisier ass zënter 17 Joer als Dänzerin an zënter 11 Joer als Choreographin op der ganzer Welt ënnerwee. Elo ass de Moment komm, wou si sech d'Fro stellt, wat d'Bedeitung vun hirem Liewen als Kënschtlerin ass – engem Liewen, dat hir kaum eng Paus léisst. Ass si dem klenge Meedchen trei bliwwen, dat dovu gedreemt huet, Dänzerin ze ginn?
Jill Crovisier - À la recherche du corps perdu (avec sous-titres en français)
Jill Crovisier sillonne le monde depuis 17 ans comme danseuse et 11 ans comme chorégraphe.

D'Jill Crovisier ass zënter 17 Joer als Dänzerin an zënter 11 Joer als Choreographin op der ganzer Welt ënnerwee. Elo ass de Moment komm, wou si sech d'Fro stellt, wat d'Bedeitung vun hirem Liewen als Kënschtlerin ass – engem Liewen, dat hir kaum eng Paus léisst. Ass si dem klenge Meedchen trei bliwwen, dat dovu gedreemt huet, Dänzerin ze ginn?

De Film "Jill Crovisier – À la recherche du corps perdu" geschriwwen a realiséiert vum Marie-Laure Rolland, begleet d'Dänzerin a Choreographin an hirem privaten a beruffleche Liewen. Den Documentaire geet der Fro no, wat d'Passioun ausmécht, déi si undreift, awer och, wat hir Eenzegaartegkeet als Kënschtlerin ausmécht. Gepräägt vun hire lëtzebuergesche Racinne muss si am Ausland no Inspiratioun an no Begéinunge sichen, déi hir Konscht an hir Danzaarbecht ernären. En Usproch, dee säi Präis huet.

Back to Top
CIM LOGO