
Fir den offiziellen ziville Fest-Akt op Nationalfeierdag an der Philharmonie wäert de jonke Lëtzebuerger Museker Jean-Jacques Mailliet e Stéck schreiwen, dat da vum Luxembourg Philharmonic Orchester gespillt gëtt. Dat huet de Kulturministère um Freideg confirméiert.
De Lëtzebuerger Violonist a Komponist, deen 1998 gebuer gouf an international schonn e sëllege symphonesch Projete lancéiert huet, gouf vun engem Jury aus 9 Kandidaturen zeréckbehalen.
D’Kreatioun ass mat 6.500€ dotéiert.