Dat allerdéngs als Prêt vun enger Privatpersoun. Elo soll d‘Bild verkaf ginn, ma de Musée wëll den Tableau vum Lëtzebuerger Kënschtler, Joseph Kutter, awer net sou einfach vum Krop huelen. Dofir hu si sech elo eng Aktioun iwwerluecht. Et gouf e Crowdfunding gestart, fir de Portrait vum zweemolegen Tour de France-Gewënner, Nicolas Frantz, ze kafen. Domadder kéint den Tableau aus dem Joer 1932 da fir ëmmer am Nationalmusée bleiwen. Et wier e ganz wichtegt Stéck fir de Musée, sou den Direkter Michel Polfer.
„Fir eis ass et e ganz wichtegt Wierk, well et ee vun den éischte Wierker ass, wou de Kutter als expressionistesche Moler bekannt gëtt. Dat Bild ass och 1932, direkt wéi et geschafe ginn ass, zu Paräis ausgestallt ginn an och direkt verkaf ginn. En hat also Succès domadder am Ausland an et ass och grad déi Period, wou de Kutter am Ausland ugefaangen huet, bekannt ze ginn. An dofir well et de Cyclist weist a well et esou en wichtegt expressionistescht Bild ass, ass et fir eis eng absolut wichteg Acquisitioun.“
No Paräis gouf et an d‘Schwäiz verkaf, ier et an de 1940er Joren an de Besëtz vun enger Lëtzebuerger Famill komm ass. Déi hunn et bis haut, ma nom Doud vum Proprietär, haten d‘Ierwen dem Nationalmusée d‘Bild nach eemol 10 Joer geléint. Elo hätt ee sech awer dozou entscheet et ze verkafen. An dofir och elo d‘Iddi, fir d‘Leit dobaussen ze froen fir mat ze hëllefen.
„D‘Zil vun der Campagne sinn et, 100.000 Euro ze erreechen. D‘Campagne leeft elo zwou Wochen. Mir hunn schonn e gudden Deel, mir si nach net grad an der Hallschent, mee et ass ganz gutt ugelaf. An et wier ganz flott, wa mir déi Etapp do kéinte gemeinsam mat all de Leit am Land meeschteren.“
Bis Enn Dezember leeft d‘Aktioun nach. A wann den Tempo, dee selwechte bleift, da wäert eise Champion scho ganz geschwënn déi leschte Kéier iwwert d‘Ligne d‘Arrivée gefuer sinn, fir fir ëmmer Doheem um Fëschmaart ze bleiwen.
An wie säin Don wëll maachen, op www.eisechampion.lu gitt dir all d‘Detailer gewuer, wéi ee ka matmaachen a wat dat och fir Iech heescht. Dir kritt nämlech e puer Virdeeler, fir Merci ze soen.