Zeremonie am OktoberKraftwerk, Jay-Z an Tina Turner ginn an der Rock & Roll Hall of Fame opgeholl
Zu den an dësem Joer geéierte Museker gehéieren, nieft Bands wéi Foo Fighters an The Go-Go's, och nach d'Carole King, Gill Scott-Heron an den LL Cool J.
Verëffentlecht: 13.05.21 07:00, Update: 13.05.21 07:12
Dat huet d'Rock & Roll Hall of Fame Foundation e Mëttwoch matgedeelt.
Fir d'Zeremonie mussen d'Museker sech awer nach gedëllegen, déi ass eréischt den 30. Oktober zu Cleveland am US-Bundesstaat Ohio. De Jury huet aus ronn 1.200 Leit bestanen, ënnert hinne vill Museker a Musekshistoriker.