
Schonn de 16. Februar soll an dräi Gefierer agebrach gi sinn. Well d’Enquêtë vun der Police awer bis ewell nach kee Succès haten, gouf e virleefeg op Äis geluecht.
Dem Artikel vun der Zeitung “The Sun” no hunn d’Abriecher ënnert anerem Bijouen, Lüsteren, Sëlwer-Besteck an eng Replik vun engem “Fabergé"-Ee. De Wäert vun de geklaute Requisite gëtt deemno op 150.000 Pond, also ronn 180.000 Euro, geschat. E Spriecher vun Netflix huet den Abroch confirméiert an erkläert, datt d’Géigestänn elo ersat géife ginn an een net mat enger Stéierung vun den Dréiaarbechte rechent.