
E Sonndeg koum d’Nouvelle vun der Noriichtenagence PAP, datt de polnesche Komponist Krzysztof Penderecki am Alter vu 86 Joer zu Krakau verstuerwen ass.
De Pol gouf a sengen Ufankszäiten der Avantgarde zougeschriwwen, huet sech an de weidere Joren awer och méi traditionelle Formen zougewannt. De Krzysztof Penderecki huet och bekannte Museksstécker fir Hollywood-Filmer wéi “Shutter Island”, “Shining” oder nach “The Exorcist” geschriwwen.
Eng weider bekannte Kompositioun huet de Krzysztof Penderecki den Affer vum Bommenugrëff op Hiroshima gewidmet.