Véier Deeg virun der grousser Show verwandelt sech d’Rockhal an d’Bün vum Luxembourg Song Contest. Onermiddlech sinn d’Ekippen dofir am Asaz am Haaptsall a riichten d’Beliichtung, de Soundsysteemer, LED-Ecranen an d’Maschinnen fir d’Spezialeffekter op. An eppes kënne mer Iech elo scho verroden, et ass déi längste Bün, déi jeemools an der Rockhal gebaut gouf. Se bréngt donieft en neit Konzept mat sech. Dës Kéier dréint sech alles ëm Kreesser. Bei der Show d’lescht Joer waren et Cuben.
All Optrëtt ass eenzegaarteg, dat ass eng vun de gréissten Erausfuerderunge fir d’Ekippen hannert dem Luxembourg Song Contest. Et ass nawell en Challenge, eng Bün ze schafen, déi un all eenzelen Optrëtt ugepasst ka ginn. Net just dee vun de Kandidaten, mä och vun den Intervallacts an d’Gaaschtkënschtler.
Parallel lafen awer och d’Prouwen. Ënnert den Dänzer sinn och nees bekannte Gesiichter dobäi, déi ee scho bei de leschten Editiounen op der Bün gesinn huet. An och d’Kandidate trainéiere, fir dass och all Schratt a Beweegung bis e Samschdeg den Owend sëtzt. Mir waren an der Rockhal a kruten e kuerzen Abléck hannert d’Kulissen.
De Gewënner vum Luxembourg Song Contest e Samschdeg den Owend an der Escher Rockhal fiert am Mee an Éisträich a representéiert de Grand-Duché um Eurovision Song Contest.
Ma géint wien trëtt Lëtzebuerg un? E puer Kandidate sti scho fest. Bis am Mee ass et nämlech net méi all ze wäit. Nëmme véier Méint sinn et nach bis zur Finall zu Wien, wou all d’Aen op Wien wäerte geriicht sinn.
35 Länner maachen dëst Joer mat, e puer manner wéi an de Jore virdrun. Spuenien, Holland, Slowenien, Island an Irland hu sech jo zréckgezunn, well si sech géint d’Participatioun vun Israel gestallt hunn. Ma et sinn och nees Länner dobäikomm. No enger Paus vun dräi respektiv zwee Joer si Bulgarien, Rumänien a Moldawien nees zeréck beim Concours. Ma wie sinn d’Kënschtler, déi sech elo schonn hir Plaz op der Eurovision-Bün geséchert hunn a géint Lëtzebuerg untrieden? Mir stellen Iech der e puer vun hinne vir.