Nach bis den 13. Februar am Nationaltheater"Les Voleurs d’Amour" weist, wéi haislech Gewalt kann ausgesinn

Isabelle Gillen
"Les Voleurs d'Amour" weist eng Lëtzebuerger Famill, an där net alles esou leeft, wéi et soll. Nieft toxeschen a gewalttätege Situatioune geet et awer och ëm nei Perspektiven.
"Les Voleurs d’Amour" am Nationaltheater
E Stéck, dat haislech Gewalt op eng schounungslos Manéier weist.

Am Nationaltheater an der Stad kann een den Ament d’Theaterstéck “Les Voleurs d’Amour” gesinn. An dësem geet et ëm d’Léift tëscht Elteren an hire Kanner an et gëtt gewisen, wéi sech dës op verschidden Aart a Weise ka manifestéieren.

“Les Voleurs d’Amour” weist eng Lëtzebuerger Famill, an där net alles esou leeft wéi et soll. D’Eltere si gewalttäteg an trotzdeem kommen d’Kanner all Sonnde bei si zréck, fir zesummen z’iessen. Et ass eng toxesch Bezéiung, wéi vill Famille se kennen an all Dag erliewen, erkläert den Direkter vum TNL a Regisseur vum Theaterstéck Frank Hoffmann. Eng Realitéit, déi op der Bün net feelen dierf.

“An där Famill ass eng toxesch Atmosphär, déi vun den Eltere verbreet gëtt. Elteren, déi mat hire Kanner net gutt ëmginn, hir Kanner ausnotzen. An trotzdeem kommen déi Kanner, déi schonn erwuesse sinn, iwwer zwanzeg, bal schonn drësseg Joer, komme se all Sonndeg mëttes bei d’Famill, bei de Papp a bei d’Mamm iessen an all Sonndeg ginn déi Iessen en Desaster.”

Op der Bün gesäit ee sechs Schauspillerinnen a Schauspiller, déi sech dëse kontroverse Rollen unhuelen an den Zuschauer mat duerch déi schwiereg Thematik huelen. D’Stéck ass dofir och eréischt vu 16 Joer un.

“Alles, wat an deem Stéck geschwat gëtt, alles wat passéiert, ass passéiert. Et ass eng Geschicht, déi wierklech un d’Substanz geet. Mir beschéinege näischt a mir weisen och déi Gewalt, déi vum Papp ausgeüübt gëtt, awer am Optrag vun der Mamm. Déi Gewalt ass awer net erfonnt an och net iwwerdriwwen. Et muss ee wëssen, dass et zu Lëtzebuerg Famille ginn, déi nach a vill méi schrecklechen Zoustänn liewe wéi déi hei. Mee dat hei ass awer eng Méiglechkeet, fir déi Gewalt op der Bün ze erliewen.”

Am zweeten Deel steet dann awer Hoffnung um Programm an d’Stéck weist, dass et fir Affer vu Gewalt och Perspektive ginn. Nieft dem eigentleche Stéck op der Bün gëtt tëschenduerch och ëmmer nees mat Videoopname geschafft, fir an der Zäit zréck ze sprangen an ze weisen, wéi d’Situatioun fréier war. Trotz der schwéierer Thematik, géif d’Stéck immens gutt beim Public ukommen, esou de Frank Hoffmann. Oft géif et och eng Minutt daueren, iert den Applaus lassgeet, well d’Leit esou ergraff sinn.

Nach bis den 13. Februar kann ee “Les Voleurs d’Amour” an den Nationaltheater kucke goen.

Back to Top
CIM LOGO