Sonndeg op der TëleeLëtzebuerger Pétur Óskar steet mam Collien Fernandes an der ZDF-Serie "Traumschiff" virun der Kamera

RTL Lëtzebuerg
D'Serie "Traumschiff" gehéiert jo zu den erfollegräichste Formater op der däitscher Tëlee an erreecht reegelméisseg Millioune vu Leit.
© Instagram vum Pétur Óskar

De Pétur Óskar, deen déi lëtzebuergesch an islännesch Nationalitéit huet, spillt bei enger Episod mat, déi him quasi op de Leif geschriwwe gouf. Dës Kéier spillt d’Traumschiff nämlech an Island, wou Landschaften an islännesch Soen eng essenziell Roll fir d’Story anhuele wäerten.

Och de Pétur Óskar selwer hëlt fir dësen Episod eng zentral Roll an. De Schauspiller iwwerhëlt d’Figur vum Jón, dat iwwregens nieft der Collien Fernandes, déi jo an de leschte Wochen duerch e Skandal vu virtuellem Mëssbrauch géint hat relativ vill vu sech schwätze gedoen huet.

De Pétur Óskar ass zu Lëtzebuerg gebuer an ass ënnert anerem zu Waldbriedemes opgewuess. Hie schwätzt Lëtzebuergesch an ass dem Land weiderhin enk verbonnen. Deeler vu senger Famill liewen och nach ëmmer am Grand-Duché. Ënnert anerem ass hien hei am Land och als Museker ënnert dem Numm Oscar Leone bekannt an ass ënnert anerem bei der Ouverture vum Stade de Luxembourg opgetrueden.

E Sonndeg de 5. Abrëll vun 20.15 Auer u wäert d’Episod Traumschiff mam Lëtzebuerger an der Haaptbesetzung op ZDF ze gesi sinn.

Back to Top
CIM LOGO