ANIMERSIAE Samschdeg ass den Dag vum Lëtzebuerger Animatiounsfilm

Patricia Baum
Kino, Serien an immersiv Filmer aus der Lëtzebuerger Animatioun.
© Fabrique d'Images

Mat ANIMERSIA kann een de 24. Oktober am Kapuzinertheater d'Welt vun der Lëtzebuerger Animatiounskonscht an all senge Facetten entdecken. Kino, Serien an immersiv Erfarunge stinn um Programm fir dem Publikum d'Villfalt vun der lokaler Animatiounszeen ze weisen.

Den Dag ass wéi e Parcours an dräi Deeler zesummegesat ginn. Moies stinn d'Familljen a Kanner am Mëttelpunkt, Nomëttes ass de Programm fir de breede Publikum, Studenten a jonk Kreativer. Owes läit de Fokus dann op der Animatioun fir Erwuessener. Dobäi kënnt en Espace, dee ganz der virtueller oder erweiderter Realitéit gewidmet ass. Iwwert de ganzen Dag verdeelt kann een also mat ANIMERSIA an déi verschidde Fantasiewelten andauchen a sech och mat de Professionellen aus dem Secteur austauschen.

De ganze Programm am Iwwerbléck.

Back to Top
CIM LOGO