Live aus der Stuff - ReplayLouisa Marxen

RTL Lëtzebuerg
D´Louisa huet live vu Basel aus hirem Keller gespillt.

D’Lëtzebuerger Perkussionistin Louisa Marxen ass gären experimentell ënnerwee. Hir Musek soll sech vun de verschiddenste Geräischer ernären an hei kommen net nëmme klassesch Instrumenter an den Asaz. Dat geet vu Spillsaachen bis hin zu engem Staubsauger, mat deene si skurril an ausgefale Kläng zaubert. Wei dat kléngt, dat konnt ee sech den Owend um 20:00 Auer op Facebook live ulauschteren an elo och am Replay.

Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit “Live aus der Stuff”.

Back to Top
CIM LOGO