Aalt Gebai modern renovéierenLuca krut en neit Gebai

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend huet de Luxembourg Center for Architecture d'Ouverture vu sengem neie Lieu a Clausen gefeiert.
"Luca" krut en neit Gebai
En aalt Gebai gouf esou renovéiert, datt et moderne Standarden entsprécht. Ideal fir de Luxembourg Center for Architecture, kuerz Luca.

En alt Gebai esou renovéieren, dass et moderne Standarden entsprécht. Dat war de Briefing, deen d’Architekte vu Fabeck Architectes kruten. Si waren dofir responsabel, d’Konzept fir dat alt Gebai a Clausen auszeschaffen. Do war fréier emol eng Brauerei dran, elo stoung et awer zanter iwwer 50 Joer eidel. Deemno wieren d’Renovatioune keng einfach Tâche gewiescht. Mam Resultat wier ee souwäit awer zefridden.

D’Gebai ass an zwee Deeler agedeelt. An deem engen ass en Ausstellungsraum, dee fir verschidden Zwecker ka genëtzt ginn, an den éischte Stack gehéiert elo dem Luxembourg Center for Architecture, kuerz Luca genannt. Dat ass eng Organisatioun, déi sech mat den Originnen, de Valeuren an der aktueller Situatioun vun der Architektur hei am Land beschäftegt. Hiert neit Gebai gëtt hinnen heibäi nëmmen nach méi Méiglechkeeten, hir Informatiounen ënnert d’Leit ze kréien, sief dat elo duerch Konferenzen, Kanneratelieren, Screeninge vun Documentairen oder Ausstellungen. De Philippe Nathan war Responsabele fir den éischte Stack. Senger Meenung no wier d’Ouverture elo awer nëmmen den Ufank vun engem neie Kapitel fir Luca.

Niewent dem Ëmzuch géif beim Luca elo nach en zweet grousst Evenement ustoen an zwar feiere si dëst Joer hiren 30.Gebuertsdag. De ganze Programm vum Luca a méi Informatioune fannt dir op hirem Site Luca.lu.

Ouverture Luca / Reportage Valeria Wiwinius

Back to Top
CIM LOGO