Dës Woch am PassepartoutLuxfilmfest, d'Claire Krack, "Temps de Trajet", Presto: "Der Schrei"

Patricia Baum
Dës Woch am Passepartout: en neien Episod vum Presto, de Luxfilmfest, d'Illustratrice Claire Krack zu Berlin an d'Graphic Novel "Temps de Trajet".
Passepartout: Luxfilmfest, d'Claire Krack, Temps de Trajet, Presto: "Der Schrei"
D’Kultur-Emissioun op der Tëlee, mam Zil, d’Villsäitegkeet vun der Lëtzebuerger Kulturzeen ze presentéieren, ze vermëttelen an ze encadréieren.

De Charles Vinz an d’Jessica Lopes illustréieren an hirem Buch d’Aarbechtsweeër bei eis am Land a gräifen d’Thema op eng sozial an artistesch Manéier op. Dann hu mir dës Woch mat der Jury an e puer prominente Gäscht vum Luxembourg City Film Festival geschwat.

Weider geet et op Berlin bei d’Lëtzebuergin Claire Krack, déi hei als Illustratrice schafft. An da gëtt et en neien Episod vum Presto, dës Kéier mam bekanntste Wierk aus dem Expressionismus: “Der Schrei” vum Edvard Munch.

Back to Top
CIM LOGO