
D'Kultur an de Gemenge stäerken. Dat ass ee vun den Ziler vum Kulturminister Eric Thill. Am leschten Deel vun eiser Kultur-Summerserie iwwer den nationalen Aktiounsplang “Zougang zur Kultur” geet et dofir ëm d'Gemengen an ëm e praktesche Guide.
“La culture dans votre commune”: dat ass den Titel vun der Broschür, déi rezent un d'Gemengen uechtert d'Land verschéckt gouf. D'Gemenge misste vill Beräicher ofdecken an do kéim d'Kultur dann heiansdo ze kuerz, ass de Kulturminister Eric Thill sech bewosst. Dofir wollt een hinnen en Outil ginn.
“Et ass esou opgeschafft ginn, dass d'Gemengebeamten, déi vill där Circulairen, vill där Dossiere kréien, wierklech op eng flott Aart a Weis déi néideg, déi wichtegst Informatiounen op ee Bléck hunn, wou se net laang mussen nosiche goen, Telefon an de Grapp huelen, mee et ass an engem Dokument zentraliséiert all déi Informatiounen, déi e brauch.”
An dat geet vun enger Presentatioun vum Ministère, de Kulturinstituter, iwwert zum Beispill déi ënnerschiddlech gesetzlech Grondlagen.
“Vun engem Bibliothéiksgesetz, engem Archivgesetz, alles dat, wat och eng Gemeng da betrëfft, wou mer och déi verschidde Subsiden, déi ganz finanziell Aspekter dann och eng Kéier am Detail opschlësselen, wat dat alles vu finanzielle Moyene gëtt. Wann ee kulturell Projete mécht, sief dat musikalesch, sief et Festivallen, sief et awer och infrastrukturell. An dann zu gudder Lescht, wou mer dann och déi jeeweileg Kontaktpersounen uginn, dass eeben och déi Responsabel vun de Gemengenadministratiounen direkt wëssen, u wie se sech musse wenden.”
De Guide wier souzesoen e Startschoss fir eng nei a verstäerkt Zesummenaarbecht tëscht dem Kulturministère an de Gemengen.
“An dat weess ech als fréiere Buergermeeschter, d'Gemenge sinn oft Plazen, wou vill Leit, jonk a Jugendlecher, fir d' ischt mat der Kultur a Kontakt kommen, sief et iwwert eis Traditiounen, sief et iwwert d'Museksveräiner, Theater an esou weider, an dofir ass mer dat ganz, ganz wichteg."
Nieft dem praktesche Guide fir d'Gemenge sollen an Zukunft an de Regiounen awer och Kulturentwécklungspläng opgestallt ginn, erkläert den Eric Thill.
“Wou mer en État des lieux maachen, mat de Gemengen, mat awer och den Acteuren um Terrain, fir ze kucken, wat gëtt et schonn a virun allem dann och eng Visioun auszeschaffen iwwert déi nächst Joren, wou eeben dann d'Regioun, d'Gemenge wëllen zesummen hin, wat déi ganz Kulturoffer, déi ganz Kulturpolitik ugeet.”
Zesumme mat de Gemengen uechtert d'Land sollen och a méi Tier-lieuen entstoen, an dat net just an der Stad, mee dezentraliséiert.
“Engersäits mat Kënschtlerresidenzen, wou mer wierklech de Kënschtler d'Méiglechkeet ginn, hirer Aarbecht, hirer Passioun nozegoen, wou se sech kënnen zréckzéien, wou dat kreatiivt Schaffen am Vierdergrond steet. Ech mengen, dat sinn, an dat muss een éierlech soen, Plazen, déi de Moment nach feelen.”
2027 gëtt dann och nach e Pilotprojet lancéiert mat zwee kulturelle Koordinatoren:
“Déi mer da wäerten iwwert de Ministère mat finanziell ënnerstëtzen, wou mer eeben d'Persounen, déi an déi Richtung och sech dorop konzentréieren, fir d'Gemengen an d'Regioune schécken, fir eeben dann och do d'Kulturpolitik iwwert e Kulturentwécklungsplang auszeschaffen."
An den nächste Méint wäert d'Kulturpolitik fir d'Gemengen an de Bezierker presentéiert ginn. Den Eric Thill erhofft sech domat, d'Gemengen als wichtege Partner motivéiert ze kréien, fir d'Kulturoffer op dee Wee ze stäerken.