Serie "Zougang zur Kultur" - Deel 2Kennt Dir schonn de Guide fir d'Lëtzebuerger "Liicht Sprooch"?

Claudia Kollwelter
An eiser Kultur-Summer-Serie interesséiere mir eis fir den nationalen Aktiounsplang "Zougang zur Kultur". Dozou gehéiert och de Volet vun der sougenannter "Liichter Sprooch".
© ZLS

Zanter dem Juni dëst Joer gëtt et eng Broschür iwwert déi Lëtzebuerger "Liicht Sprooch". Virun allem Gemengeverwaltungen hätten dëst gefrot, erkläert d'Josiane Boever vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, kuerz ZLS. Et hätte Reegele fir eng däitsch "Liicht Sprooch" ginn a fir eng franséisch. Dofir wier d'Fro opkomm, wisou net och op Lëtzebuergesch? Den ZLS krut den Optrag, fir esou e Guide auszeschaffen. Haaptsächlech géif et drëm goen, méi einfach geleefeg Wierder ze benotzen.

D'Josiane Boever nennt e konkret Beispill:
"Sou soll een zum Beispill net d'Wuert 'Pediater' gebrauchen, wat net fir jidderee kloer ass, mee et géif een dann éischter 'Kannerdokter' soen."

Fir, datt den Text de Krittäre vun der liichter Sprooch entsprécht, gëllen awer nach weider Reegelen.

"Wann een elo eng Kéier net laanscht méi e schwéiert Wuert kënnt, da soll een dat direkt am Text erklären. An zwar net ënnen an enger Foussnott, mee direkt an deem selwechte Paragraf. Wat och nach wichteg ass, dat ass, datt de Sazbau ganz einfach soll sinn, also mol e Sujet, mol e Verb, mol en Objet an an all Saz soll nëmmen eng Informatioun drastoen. An d'Sätz solle kuerz sinn, dat heescht héchstens aacht bis zéng Wierder. Fir all neie Saz geet een och an eng nei Zeil, well dat sech méi liicht liese léisst."

D'Josiane Boever vum ZLS
© RTL

Och Layout spillt wichteg Roll

De Layout soll esou gemaach sinn, datt d'Säiten net iwwerfëllt sinn, zum Beispill tëscht Iwwerschrëften oder Froen, fir, datt ee sech besser am Text erëmfënnt. Wann een en Text an der Liichter Sprooch schreift, gëtt dee vun enger Préifgrupp nogelies:

"An engem Préifgrupp, do si Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung, also méi oder manner staark an déi kréien den Text da fir ze liesen oder se kréien e virgelies an da soe si, ob si den Text verstinn oder net. A wann net, da muss en ëmgeännert ginn an zwar sou laang, bis, datt de Préifgrupp seet, sou, elo versti mir alles. A wann en Text bis validéiert gouf vun engem Préifgrupp, da kritt en en offizielle Logo. Dat ass de Logo vun der Liichter Sprooch, dat ass en internationale Logo vun enger Organisatioun, déi heescht Inclusion Europe, dat ass esou e bloe Karo mat engem stiliséierte wäisse Männche mat engem Buch. An dëse Logo, dee garantéiert engem wierklech, datt en Text an der Liichter Sprooch geschriwwen ass."

D'Josiane Boever nennt e weidert d'Beispill vun engem ganze Saz: 
"Bréngt wannechgelift, de Rapport, deen Dir vun Ärem Hausdokter krut, mat, wann Dir bei eis an der Klinick passéiert. Also e laange verschachtelte komplizéierte Saz. Dee géif een an dräi kuerz Sätz opsplécken, zum Beispill esou: Dir kommt bei eis an d'Klinick. Dir krut e Rapport vun Ärem Hausdokter. Bréngt dee Rapport mat."

De Guide fir d'Lëtzebuerger Liicht Sprooch ass, wéi gesot zanter Juni online disponibel, kéint awer natierlech nach no an no adaptéiert ginn, och par rapport zum Feedback, deen erakënnt. D'Zil wier et, datt jiddereen autonom ka sinn an een net ëmmer op aner Leit ugewisen ass, huet Josiane Boever vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch nach betount.

De Guide fënnt een ënnert www.zls.lu an ënnert www.mcult.gouvernement.lu.

En Donneschdeg geet et an eiser Serie dann iwwert de Benevolat am Kultursecteur.

Back to Top
CIM LOGO