
7 Prioritéiten, 33 Objektiver an 99 Mesurë goufen zréckbehalen. An eiser Kultur-Summer-Serie gi mir op verschidde konkret Mesuren an, déi schonn ëmgesat goufen oder an der Ëmsetzung sinn. Ugefaange mat engem laang erwaarten Internetsite.
Eng Plaz, wou een all d'Informatiounen, awer och all d'kulturell Evenementer uechtert d'Land regroupéiert, zréckfënnt. Déi Demande gëtt et scho laang. De Site culture.lu, deen et aktuell zwar scho gëtt, soll am Laf vum Hierscht an enger neier Form online goen.
De Sébastien Gudenburg vum Kulturministère:
"Et ass e Startpunkt fir alles, wat d'Kultur zu Lëtzebuerg ugeet. Dat heescht, vun deene Leit, déi sech wëllen informéieren, wat leeft dëse Weekend? Wat leeft bei mir an der Géigend? Wat interesséiert mech un der kultureller Offer? Wat ass fir mech? Déi kënne sech do informéieren, genau esou wéi een Informatiounen driwwer fënnt, wat et iwwerhaapt alles gëtt, vu Sprooch iwwer Literatur, Film, Patrimoine, Musek, Danz, alles, wat eise Secteur ausmécht. An et ass awer och e Portal fir d'Zeen, fir d'Kënschtlerinnen a Kënschtler, fir d'Associatiounen, wou se allméiglech Informatioune fannen, wat et scho gëtt, wat et fir si gëtt, och wat Aiden ugeet, Ënnerstëtzung, wat hir Kontaktpersoune sinn."
Eng Ëmfro vun ILRES hätt aginn, datt d'Leit sech eng besser Informatioun a Kommunikatioun a punkto Offer wënschen, a genee dat soll integréiert ginn.
"Op Basis vum Echo.lu, deen et scho gëtt, maache mer also do e ganzen Eventkatalog dran, wat alles leeft. An dat ass quasi den neie Moment. Et ass net just de Regruppement vun alle Sitten, déi et scho gëtt, mee et ass och nach wéi eng Search-Engine fir d'Evenementer zu Lëtzebuerg. Mir hunn och do nei Filteren derbäi gemaach, dass een zum Beispill, wann een zu Wëlwerwolz wunnt, ka soen, ech sinn do, ech hätt gär am Ëmkrees vun zéng Kilometer eppes, fir net just d' Evenementer zu Diddeleng an zu Déifferdeng ze gesinn."
Den neie Site soll bestoend, awer net forcement ersetzen, betount de Sébastien Gudenburg:
“All Link, deen d'Leit elo scho kennen an déi se reegelméisseg opgesicht hunn, kënne se och weider besichen, mee mir lancéieren och eng Campagne dann, zesumme mam Lancement vu culture.lu, fir d'Leit e bëssen ze sensibiliséieren, fir einfach un der kultureller Offer deelzehuelen. Mir hunn eng riseg Offer. Mir probéiere se elo nach besser un d'Leit ze bréngen an, dass ee sech roueg traue soll, fir all déi Saachen auszeprobéieren."
D'Accessibilitéit an d'Inclusioun stinn och beim neien Internetsite am Vierdergrond:
"Mir ginn do och esou wäit wéi nëmme méiglech, dat heescht et kann ee sech per Screenreader virliese loossen, falls een net esou gutt sollt gesinn. Et gëtt an alle Sproochen, also Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch, Franséisch, mir wäerten och an engem zweete Schrëtt an enger portugisescher Versioun an enger Versioun op Liichter Sprooch schaffen, soudass jiddereen do dat fënnt, wat e brauch."
Stéchwuert "Liicht-Sprooch", dat ass de Sujet en Donneschdeg an eiser Summer-Serie iwwert den nationalen Aktiounsplang Zougang zur Kultur.