En Theaterstéck vum EDSUNMOTH: Nonverbal Kommunikatioun tëscht Musek, Danz a Gedanken

Sophie Becker
Den Edsun, deen am Fong aus der Musekszeen kënnt, iwwerhëlt fir dëst Stéck als Auteur, Komponist, Regisseur, Choreograph an Artist direkt fënnef Rollen.
MOTH vum Edsun
En Theaterstéck vum Edsun

Et ass eng Geschicht tëscht dem Ely an dem Dré. Zwee jonk Männer, déi sech tëscht verschidde Welte beweegen. Musek an Danz representéieren hei eng nonverbal Kommunikatioun tëscht deenen zwee Personnagen, déi ënnerschiddlech Gefiller fireneen hunn.

Et ass en hybrid Theaterstéck, dat sech tëscht Performance, Danz, Gesang an awer och der Ausernanersetzung mat den eegene Gedanken beweegt. D’Lidder, déi een am Stéck héiert, si Kompositiounen vum EDSUN, d’Choreographie ass vum Dänzer Tristan Sagon, dee mam EDSUN zesummen op der Bün steet.

Wärend dem Stéck ass den Ely ëmmer rëm am Austausch mat senge Gedanken, déi duerch eng Stëmm vu bausse geschwat ginn. Ma virun allem fir e jonke Public ass déi Opféierung ganz interessant, well et Theme wéi Frëndschaft a Léift behandelt.

Nach bis dëse Samschde kann ee sech MOTH an de Mierscher Theater ukucke goen. Tickete fannt Dir HEI.

Back to Top
CIM LOGO