Serie "Lëtzebuerger Musekszeen"Museksindustrie zu Lëtzebuerg: Réckbléck an ee Bléck an d'Zukunft

Claudia Kollwelter
D'Lëtzebuerger Musekszeen huet sech iwwert déi lescht zwanzeg bis drësseg Joer immens verännert an och professionaliséiert.

Wat sinn déi gréisste Changementer gewiescht a wou gëllt et nach nozebesseren? Mir hunn am Kader vun eiser Serie iwwert d’ Museksindustrie am Grand -Duché mat verschiddenen Acteuren aus der Branche e Réck an Ausbléck gemaach.

De Michel Welter schafft zanter siwwenzéng Joer am Atelier. D’ Aarbecht, zemools an der Kommunikatioun an an der Billetterie vu Concerten, wier deemools definitiv nach eng anescht gewiescht. .

“Deemools gouf et nach kee Facebook. Et goufen nach keng sozial Medien. Dat heescht, du hues, also sozial Netzwerker, d’Kommunikatioun, dat war eng ganz aner. Dat war Postere maachen, Flyeren drécken, Posteren ophänken. Dat kléngt elo wéi wann ech, an ech si vläicht och e Bop, gell, mee dat ass wierklech nach en anert Joerhonnert. An en fait sinn et mol keng 20 Joer hier.”

Well vill Artisten hautdesdaags via Alben praktesch kee Revenue méi rakréien, géif antëscht vill op VIP-Packagë gesat ginn, wat et soss ni gouf.

“An zwar VIP, early entry, VIP, golden circle, VIP, wou s de kanns den Artiste op de Bak këssen, mat Foto, ouni Foto. Dat muss alles kommerzialiséiert ginn, an dat ass alles esou vill Aarbecht, déi et virdru guer net gouf. Déi ganz Digitalisatioun bréngt mat sech, dass de kanns e Suivi maachen, dee vill méi detailliert ass. Dat heescht, du muss elo e Reporting maachen un d’ Agenten. Fréier war dat dann eemol d’ Woch. Haut gi mer gefrot: Mise en vente no enger Stonn. Mise en vente plus sechs Stonnen. Mise en vente end of business, also end of the day.”

An den Ae vu Michel Welter ginn et haut awer och vill méi Méiglechkeete sech zu Lëtzebuerg ze produzéieren, am Grand -Duché selwer opzetrieden, wéi nach virun X Joren. Och de Luka Heindrichs, ee vun de Gerante vum Gudde Wëllen a President vun der Alliance Musicale schwätzt vu grousse Changementer.

“An der Strukturatioun, an der Professionaliséierung, et ass awer och immens vill geschitt, wat d’Méiglechkeeten ubelaangt, déi eng Populatioun huet, sech ze divertéieren. Dat däerf een och net vergiessen. Et gouf och keen, et gouf zwar keng Rockhal. Et gouf och keen Netflix. Voilà. Dat heescht, dat muss een och consideréieren, de Kontext huet einfach komplett, komplett geännert.”

Et goufen an der Zäit keng richteg Booking-Agenturen oder Labelen, ma déi géife sech awer antëscht gutt entwéckelen, seet de Luka Heindrichs. Fir den Tun Biever vun der Band Tuys, dee selwer zwee Labele managt, feelt et awer nach um Manager, déi eng Artiste -Karriär opbauen.

“Well dat kann de Kënschtler selwer sinn. Zu Lëtzebuerg gi mer ëmmer sou e bëssen dovunner aus, dass de Kënschtler alles mécht. Weess de, an dass et am beschten nach säin Hobby ass. Dat heescht, dass dat souwisou kee Beruff ass. An am Fong geholl sinn et 100 Beruffer. Sou, an dat ass e bëssen, dat ass och sou e bëssen eng Aarbecht, wou mer dru schaffen, fir dat e bësse méi an d’ Bewosstsinn ze kréien, dass et am Fong, voilà, de Kënschtler Kënschtler ass an net am Fong muss säin eegene Manager oder seng eege Managerin sinn.”

D’ Fédération des Musiciens Interpretes Luxembourg, kuerz Famil, gouf am Abrëll gegrënnt, fir sech ënner anerem fir d’Aarbechtskonditioune fir Interpreten anzesetzen. Am Ausland géif een dacks e Minimum vun dräihonnertfofzeg Euro fir eng Performance bezuelt kréien.

“Hei souguer wann s de fir staatlech Institutioune spills, déi d’Budgeten hunn, déi och an hiren Overhead-Salairen, Mindestloun op d’mannst a méi bezuelen, da kriss de als Museker dat net. An do spillt mat eran, dass den Job nach net richteg unerkannt ass respektiv dass och heiansdo d’Professionaliséierung, d’Professionalitéit vun deene Leit a Fro gestallt gëtt. An dat muss ech veränneren.”


Genee dofir wéilt ee sech bei der Federatioun staark maachen. D’ Famil ass iwwerdeems ee vun de ronn siechzeg Memberen vun der Alliance Musicale, déi als Zil huet, d’ Leit aus der Musekszeen zesummenzebréngen, d’ Tendenzen an Iddi mateneen ze deelen an d’ Acteure beieneenzebréngen. Den Echange tëscht de Leit aus dem Secteur wier fundamental, sou nach de President Luca Heinrichs.

1. Deel: Serie “Lëtzebuerger Musekszeen": Kultur:lx - Museker am Ausland promouvéieren
2. Deel: Serie “Lëtzebuerger Muskeszeen": D’Aarbecht vun der SACEM
3. Deel: Serie “Lëtzebuerger Musekszeen” Streaming-Plattformen a KI

Back to Top
CIM LOGO