De Line-Up steetNei dobäi um Siren's Call 2020: Georgia a Friedberg

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg 27. Juni 2020 ass déi 4. Editioun vum Siren's Call am Gronn. E Méindeg gouf de komplette Line-Up presentéiert.

Female Power heescht et mat “Georgia” a “Friedberg”.

D’Georgia Rose Harriet, Museksproduzentin, Sängerin an Drummer vu London huet elo am Januar hiren zweete Studioalbum “Seeking Thrills” erausbruecht.

Mat “Friedberg”, der Band ëm déi éisträichescher Sing-Songwriterin Anna F., fënnt deemno nach méi Fraepower de Wee op d’Bün. Friedberg ass am Beräich Pop-Rock/Folk doheem, huet awer och kleng Usätz aus der elektronescher Musek mat agebonnen.

Virun engem gudde Mount gouf mat “Foals” den Headliner vun dëser Editioun annoncéiert. Déi brittesch Rockband kënnt elo scho fir déi véierte Kéier op Lëtzebuerg.

Mat dobäi sinn ënnert anerem awer och “Nothing But Thieves” (UK), “Hania Rani” (PL), “Viagra Boys” (SE), “Georgia” (UK), “Josin” (GER), “Friedberg” (GER), “The Howl & The Hum” (UK), “Joanna” (FR), “CHAiLD” (LU) a “Charlotte Bridge” (LUX).

Siren's Call
En Dënschdeg de Moien hunn d’Organisateure vum Siren’s Call déi éischt Bands an den Headliner bekannt ginn.

Och um kulturellen Niveau hunn d’Organisateure sech eppes afale gelooss. Nieft engem Marché des créateurs a Workshoppen, gëtt dëst Joer och d’Theaterstéck “Le Dernier Ogre” presentéiert an et gëtt d’"Immersive Sound Experience Light Installations” am Gaart.

Back to Top
CIM LOGO