
Den Josh Island huet ënner anerem leschte Freiden (12. November 2021) am Virprogramm vum Oscar Leone an der Rockhal seng Live-Qualitéiten ënner Beweis gestallt. An de leschte Joer huet den Josh wäit iwwer 300 Concerte gespillt, europawäit, dorënner och Support-Shows fir Kënschtler wéi James Morrison a Mighty Oaks. Aus senger rezenter EP Love Don’t Come Easy goufe schonn eng Rei Stécker ausgekoppelt, dorënner och den Titeltrack, deen zënter haut (18. November 2021) och e Video huet.
Vill Spaass beim Kucken.