
An der Bidder-Course mat Netflix ëm de Film- a Medienkonzern Warner Bros Discovery (WBD) huet de Konkurrent Paramount Skydance elo nogeluecht: Paramount huet e Méindeg eng nei Offer fir Warner Bros gemaach, an deem d’Entreprise mat 108,4 Milliarden Dollar (ronn 93 Milliarden Euro) bewäert gëtt. De Paramount-Chef David Ellison huet d’Aktiounären vu Warner Bros Discovery opgeruff, d’Offer elo ze iwwerpréiwen.
Netflix hat eréischt e Freideg eng geplangten Offer vu bal 83 Milliarden Dollar (gutt 71 Milliarden Euro) bekannt ginn. Den US-President Donald Trump huet den Accord e Sonndeg awer a Fro gestallt a begrënnt dat mam “grousse Maartundeel” vun Netflix.
De Paramount-Chef David Ellison fleegt gutt Bezéiunge mam Trump. Paramount Skydance wëll Warner Bros Discovery inklusiv den Televisiounssenderen iwwerhuelen, Netflix dogéint ass Medieberichter no nëmmen un der Produktioun an um Streaming-Beräich interesséiert.