Kulturjournalist a CurateurPaul Bertemes am Alter vun 71 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Aus der Kulturzeen ass et déi traureg Nouvelle, datt de Fils vum renomméierte Moler Roger Bertemes, de Paul Bertemes, gestuerwen ass.

De Bouf vum bekannte Moler Roger Bertemes a Brudder vum Historiker François Bertemes huet sech fir d’Vermëttele vu Konscht agesat a war Journalist am Beräich Konscht a Kultur an Däitschland an zu Lëtzebuerg. Ënnert anerem huet hie fir d’Zeitung Lëtzebuerger Land geschriwwen.

2004 hat de Paul Bertemes zesumme mam Jean Colling d’Agence mediaArt gegrënnt, fir déi hien ënnert anerem als Curateur geschafft huet a mat där hien Ausstellungen organiséiert a Bicher publizéiert huet. Hie war och reegelméisseg op der Artweek mat engem Stand vertrueden.

De Paul Bertemes an der Emissioun “No Art On Air”

De Paul Bertemes 2021 an der Emissioun "No Art On Air"
Et ass di siwent Editioun vun der Luxembourg Art Week a si huet sech eng ganz nei Location um Glacis ginn.

De Paul Bertemes 2013 beim Christiane Kremer am Interview.
RTL-News: 125 Joer CAL: Gebuertsdagsfeier an en neie Konschtpräis “Prix de la sculpture Schlassgoart”

Back to Top
CIM LOGO