Paul Bertemes - 8. Februar 2013

1902 ass de Prix Grand-Duc Adolphe eng éischte Kéier iwwerreecht ginn, de Präis zeechent een oder méi Artisten aus, déi beim Salon vum Cercle Artistique ausstellen.
An enger spezieller Expo kann een elo déi ausgezeechent Wierker vun 1946 bis haut gesinn, dorënner bekannten Nimm wéi Gust Graas, Charly Reinertz, Patricia Lippert oder Roger Bertemes.
Ee vun den Initiateure vun der Iddi ass dann och de Fils Paul Bertemes, dee sech mat der Agence Mediart a mat der asbl MécénArt schonn zënter Jore fir d'Konscht zu Lëtzebuerg asetzt.
AUDIO: Freides-Invité
De Paul Bertemes ass den Invité tëscht 12 an 13 Auer.
Radio - Freides-Invité: Paul Bertemes beim Christiane Kremer
Kultur, Gesellschaft a Liewen - all Freideg an der Mëttesstonn.
"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg.
Am meeschte gelies