Gebuertsdagsfeier an en neie Konschtpräis "Prix de la sculpture Schlassgoart"

Marc Hostert, Serge Koch, Paul Bertemes
Am Grand Café op der Place d'Armes an der Stad gouf um Enn vum Joer 1893 e Konschtveräin gegrënnt, deen nach haut bekannt an aktiv ass.
Op déi Plaz, wou alles ugefaangen huet, hat de CAL en Dënschdeg de Moien och d'Press invitéiert, fir de Festprogramm fir de Gebuertsdag ze presentéieren. "Le CAL - hier, aujourd'hui ... et demain" ënnert deem Motto gëtt e Bilan gemaach iwwer dat, wat geschafft gouf, awer och wéi d'Situatioun haut ass a wat een an Zukunft nach ka maachen a besser maachen. D'Roll vum CAL war an ass et, d'Konschtzeen Lëtzebuerg duerzestellen, visibel ze maachen, sech mat hir ausernanerzesetzen.

Nieft enger feierlecher Zeremonie e Freideg, de 5. Oktober am Cercle, wou haaptsächlech d'Kënschtler sollen am Mëttelpunkt stinn, kënnt och e Buch eraus, an deem d'Konschthistorikerin Carole Jung zesumme mam Paul Bertemes an dem Serge Koch op déi lescht 25 Joer ageet an dobäi déi verschidde Salonen an déi verschidde Kënschtler virstellt. Dozou gehéiert och e Film vum Frank Rosch, an deem et ëm d'Roll vum CAL an der Lëtzebuerger Konschtzeen fréier an haut geet, mat den Aussoe vu Kënschtler a vum Konschthistoriker Christian Mosar. An et gëtt och en Timber.

D'Haaptaktivitéit vum CAL ass et, zënter méi wéi engem Joerhonnert all Joer e Salon z'organiséieren, bei deem een e gudden Abléck kritt an dat, wat an der Konscht zu Lëtzebuerg geschitt. E Jury wielt dofir ënnert de Wierker, déi agereecht goufen, déi aus, déi dann och ausgestallt ginn. Zum Salon gehéiert och ëmmer e Präis, de Prix Grand-Duc Adolphe ass (zënter 1902) bis ewell 80 Mol iwwerreecht ginn, de Prix Pierre Werner 13 Mol an och déi jonk Kënschtler kënne mam Prix Révélation ausgezeechent ginn. Member am CAL ass een, wann een als Kënschtler 3 Mol bei de Salonen derbäi war. Den nächste Salon vum CAL ass vum 9. November un am Tramsschapp an Zesummenaarbecht nees mat der Art Week.
Donieft gëtt et och eng Rei Ausstellungen, déi ëmmer ënnert engem Thema stinn, a ganz aktuell gëtt elo déi éischt Editioun vum "Prix de la sculpture" lancéiert an Zesummenaarbecht mat der Galerie Schlassgoart an der Gemeng Esch.
Communiqué "Prix de la sculpture Schlassgoart"
Fir 2022 ass eng Grouss Retrospektiv CAL am MNHA um Fëschmaart geplangt.
De CAL huet awer och e puer Revendicatiounen an hofft mat engem nächste Kulturminister iwwer eng adequat Konventioun verhandelen ze kënnen, esou de President vum CAL Marc Hostert.
Der Lëtzebuerger Konschtwelt feelt vrun allem eng Plaz, en Archiv, eng Struktur, op där och d'Ierwe vun de Kënschtler kann erfaasst a versuergt ginn. Doriwwer eraus soll e Kënschtler-Lexikon opgebaut ginn. An d'Kënschtler an hir Wierker sollen och an de Schoulen en Thema ginn.

D'nächst Joer plënnert de CAL aus dem Gronn op eng nei Plaz, an den Ilot Saint-Michel an d'Uewerstad.
Detailer iwwer de Prix de la sculpture: