RIPProduzent vum Bob Marley am Alter vu 85 Joer verscheet

RTL Lëtzebuerg
De Lee "Scratch" Perry huet mat Kënschtler wéi The Clash, de Beastie Boys a Moby zesumme geschafft. Populär gouf hie virun allem duerch de Bob Marley.
© AFP/Archiv/Attila KISBENEDEK

De Lee “Scratch” Perry ass am Alter vu 85 Joer an engem Spidol zu Lucea am Norde vu Jamaika verstuerwen. De Perry war 1936 zu Kendal an aarme Verhältnisser op d’Welt komm. Mat 15 Joer huet hien d’Schoul geschmass an ass an de 60er-Joren an op Kingston geplënnert. 1968 huet hien säin eegene Museklabel Upsetter Records gegrënnt.

De Perry huet verschidde Museksstiler wéi Reggae, Ska an Dub gepräägt. Dofir huet hien och de Spëtznumm als “Guru vum Reggae” kritt.

Back to Top
CIM LOGO