Auktioun bei Sotheby'sRobbie Williams léisst 3 Banksy-Biller versteeën

RTL Lëtzebuerg
Brauch de Robbie Williams iere Suen? De Sänger verkeeft nämlech 3 Banksy-Wierker, dorënner 2 méi berüümt Biller.
© Tolga Akmen / AFP

De brittesche Sänger huet e Mëttwoch 3 Biller vum bekannte Street-Art-Kënschtler Banksy, déi zu senger Privatsammlung gehéiert hunn, versteeë gelooss. Dem Auktiounshaus Sotheby’s no läit de geschate Gesamtwäert bei 7 bis 10 Millioune Pond (ëmgerechent 8 bis 12 Milliounen Euro).

Zu de Wierker gehéiere wéi gesot 2 méi berüümt Biller, dorënner “Kissing Coppers”, dat eng éischte Kéier 2004 un der Fassad vun engem Pub zu Brighton opgedaucht ass. Et weist 2 Polizisten, déi sech këssen. Ma well d’Bild ëmmer nees Affer vu Vandalismus gouf, gouf et 2014 ewechgemaach. Versteet gëtt eng 2005 produzéiert Leinwand-Versioun.

Dat zweet méi bekannte Bild ass eng op Metall gemoolte Versioun vun “Girl With Balloon”. Dëst Motiv ass dowéinst esou berüümt ginn, well eng aner Versioun bei enger Sotheby’s-Auktioun am Joer 2018 kuerz nom Zouschlag duerch en agebaute Mechanismus an der Rumm zerschreddert gouf.

Dat drëtt Banksy-Bild ass “Vandalised Oils (Choppers)” a weist 2 Kampfhelikopteren, déi iwwer eng friddlech Landschaft fléien.

Back to Top
CIM LOGO