Trotz Corona-PandemieRock am Ring soll wéi geplangt am Juni sinn

RTL Lëtzebuerg
Et ass nach net gewosst, wéi sech déi nächst Wochen an Däitschland an Europa entwéckele wäerten.

An awer ginn d’Organisateure vu Rock am Ring a Rock im Park dovun aus, dass béid Festivaller net wäerten ofgesot ginn. Wéi si op hirer Websäit matdeelen, géingen d’Virbereedungen op Héichtoure lafen: “Nach derzeitigem Stand findet Rock am Ring 2020 wie geplant statt und die Vorbereitungen laufen auf Hochtouren.”

An 2 Méint soll et esou wäit sinn. Fir déi 35. Editioun vum Museksfestival sollen ënnert anerem Korn, System of a Down, Green Day an The Offspring optrieden. Ob si an 2 Méint tatsächlech op der Bün stoe wäerten, ass awer nach net esou sécher. D’Gesondheet vun de Visiteuren an de Kënschtler géing hinne besonnesch um Häerze leien, dofir géing een d’Corona-Situatioun am A behalen.

Nach net annuléiert

  • Rock Werchter
  • Southside Festival / Hurricane
  • Tomorrowland
  • Hellfest
  • Summerjam
  • Rocco del Schlacko
  • Parookaville
  • Mayday
  • Lollapalooza
  • Wacken

Ofgesot/verréckelt

  • Primavera Sound Barcelona
  • Wanter Editioun vun Tomorrowland
  • Glastonbury

Back to Top
CIM LOGO