Screaming Fields Song ContestRockhal sicht Museker a Musekerinnen aus Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Egal op Folk, Grunge, Pop oder Hiphop, am Concours ass all Museksgenre wëllkomm.
© Rudy a Peter Skitterians / Pixabay

Nach bis den 1. Oktober leeft d’Sich no Artisten a Bands aus Lëtzebuerg, déi um Screaming Fields Song Contest 2021 deelhuele wëllen.

Ënnert dem Motto “I want to break free!” rifft d’Rockhal Museker am Alter tëscht 12 a 25 Joer dozou op, hir Demoen eranzeschécken. Eng Jury wäert dann aus de verschiddenen Asendungen ee Gewënner sichen, deem säi Song dann professionell produzéiert gëtt. All Museksgenre sinn am Contest wëllkomm.

Back to Top
CIM LOGO