
Dës Woch gëtt den RTL-Afterwork zum “Aktuelle Sportstudio”. Mam fréiere Futtballist, Trainer vun der Futtballnationalekipp, Sportdirekter a Chef vun der Futtballschoul vum F91 Diddeleng gëtt awer net just iwwer Futtball geschwat, mä och iwwer Vëlo, Zigaren a roude Wäin. Hien zielt iwwer seng Zäit beim Standard, wéi e seng Fra kennegeléiert huet a firwat den éischten Interview am Radio beim Pilo net sou gelaf ass wéi geduecht. Mam “Grand-Duc vu Sclessin” ënnerhale sech den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d’Shari Schenten am Bistrot de la Presse. Piano: Erny Delosch
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
