
Dem Jean-Jacques Kasel säin CV liest sech wéi e spannend Buch. Chef de cabinet am Ministère, Directeur des affaires politiques et culturelles, Ambassadeur a Griicheland an an der Belsch, Member vun der Cour de justice fir nëmmen déi ze nennen, ouni d’Funktioun vum Haffmarschall ze vergiessen. Hie war net just derbäi, mee mattendran, wa grouss Decisioune geholl gi sinn an huet a sengem ganze Beruffsliewen vill erlieft. Am Bistro de la Presse huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos a Shari Schenten e klengen Abléck a seng Aarbecht awer och op säi Privatliewe ginn. Piano: Erny Delosch
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
