Ëmmer um 17.20 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Jean Pütz

RTL Lëtzebuerg
D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Säi Schnurres a seng gutt Laun si säi Markenzeechen an hie gläicht optesch net schlecht dem Albert Einstein. Bekannt gouf en duerch d’"Hobbythek”, a seng Sprooch mécht hien zu engem Unikum. “Ich hab da mal was vorbereitet” ass e Saz, deen een och mat him verbënnt. An och wann hien op senger Pützerosa-Ranch bei Köln wunnt, kënnt en ëmmer nees gär zréck op Réimech, wou seng Wuerzele leien, a wou d’Handwierkerschoul hien op déi richteg Bunn bruecht huet. Am Bistrot de la Presse huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten awer och verzielt, wéi ee mat 85 sou fit bleift, wat d’Fuesent vir hie bedeit a wéi et war mat 74 nach emol Papp ze ginn.

Um Piano am Bistrot de la Presse: Erny Delosch.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO