
Säi Beruffswonsch war vu Klengem u “Lakert”. De Pierre Liébaert huet domadder d’Familljentraditioun virugeféiert. Am Bistrot de la Presse beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten zielt hie vun enger Zäit, wou nach mam Päerd erausgefuer ginn ass, wou et bis zu 40 Lompekréimer am Pafendall gouf, a firwat ee sech mat Jéinesch verstännegt huet. Hie schwätzt vum Straubwejitzert, Kitten an enger Moss, zielt driwwer, wéi seng Mamm am héijen Alter nach de Führerschäin gemaach huet, an dass déi vu senger Zuucht mat all Waasser gewäsch waren.
Piano: Erny Delosch
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
