1. Film am AllRussesch Filmcrew zeréck op der Äerd

RTL Lëtzebuerg
Déi éischt Schauspiller am Weltall sinn e Sonndeg de Moien nees sécher op der Äerd ukomm.
© AFP

No Dréiaarbechten op der internationaler Weltraumstatioun ass déi russesch Filmcrew e Sonndeg de Moien am Kasachstan gelant. Si waren 12 Deeg fir den Tournage op der ISS. Et ass déi éischte Kéier, datt do gefilmt gouf, zanter datt d’Mënschen an de Weltall fléien. Wéi vill dat kascht huet, ass net bekannt.

De Russen ass et also gelongen, méi séier am Weltall ze filme wéi den Amerikaner, e prestigiéisen Erfolleg no ville Pannen an de leschte Joren. Déi russesch Weltraumagence Roskosmos hat de Projet annoncéiert, nodeems d’Nasa bekannt gemaach hat, datt ee Wëlles hätt, fir d’Action-Filmserie “Mission impossible” mam Tom Cruise op der ISS ze filmen.

RTL-Artikel (6. Oktober 2021): 1. Film am All: Russland gewënnt Weltraum-Course géint USA

Back to Top
CIM LOGO