
D’Sandra Bullock huet ugekënnegt, elo mol keng nei Filmer ze dréien. Si wéilt “24/7" bei hirer Famill verbréngen, sot déi 57 Joer als Schauspillerin am Interview mat “Entertainment Tonight”. Wéi laang d’Paus géing goen, konnt si net soen. An där Zäit wëll d’Sandra Bullock hire Kanner all Wonsch erfëllen an hiren “soziale Kalenner” opschaffen.
An Zäite vun der Pandemie géing dat besonneschen Opwand fuerderen. Am Haus vun der Famill Bullock gëllen, wéi et schéngt, besonnesch streng Corona-Reegelen. Aner Eltere géingen d’Schauspillering als “déi Geckeg mat der Pandemie” kennen. “Si wëssen, dass hir Kanner ouni Covid zréckkommen, wa si bei eis waren”.
D’Sandra Bullock hat 2010 den deemools dräi Méint jonke Louis adoptéiert, 2015 gouf si Adoptivmamm vum deemools zwee Joer jonke Laila.
Si zielt zu den erfollegräichste Schauspillerinne vun Hollywood. Fir hir Leeschtung am Film “Blind Side” gouf si 2010 als bescht Haaptactrice souwuel mam Oscar wéi och mam Golden Globe ausgezeechent.