Corona-InfektiounSchauspiller Mark Blum am Alter vun 69 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De Mark Blum gouf bekannt duerch Filmer wéi "Lovestick", "Desperately Seeking Susan" an "Crocodile Dundee".

Op der Tëlee huet hie Mëtt der 80er-Joren an der amerikanescher Sitcom “Sweet Surrender” matgespillt. Ausserdeem war hien um Broadway aktiv a Stécker wéi “Lost In Yonkers”, “The Best Man” an “The Assembled Parties”.

Rezent war hien nach an der Netflix-Serie “You” ze gesinn, dat an der Roll vum Buchhändler Ivan Mooney.

De Mark Blum ass un de Suitte vun enger Corona-Infektioun am Alter vun 69 Joer gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO