
Nach gesäit een awer ausser Gitteren net vill. Wéi soll déi geplangten Extensioun an Zukunft ausgesinn?
Wann een sech d’Pläng vun der Extensioun ukuckt, kéint ee mengen, d’Philharmonie kritt e klenge Bëbee bäigebaut. Am nämmlechte Stil an och vum bekannte franséischen Architekt Christian de Portzamparc entworf, kënnt e weidert Gebai dobäi. An deem Gebai wäert eng Salle polyvalente dra kommen, déi fir méi kleng Formater, mee och Konferenzen oder Workshoppe ka genotzt ginn. Dëse Sall soll an Zukunft dann och méi e spezifesche Numm kréien. Geplangt ass also kee weidere Concertssall, mee e Sall an deem verschidde Formater kënnen ugebuede ginn.
Do wou bis elo de Restaurant war, kënnt an Zukunft eng professionell Produktiounskichen an de neie Restaurant selwer kënnt eraus um Niveau vun der Place de l’Europe an ënnert dem neie Sall. Mee och eng Cafeteria ass geplangt fir d’Leit déi an der Philharmonie schaffen, d’technesch an administrativ Ekippen, mee och d’Museker an och Gaaschtmuseker an Orchesteren déi do virum oder nom Concert oder der Mëttesstonn eng Méiglechkeet hunn, eppes sur Place ze iessen. Fir déi ganz Laascht vum neie Gebai ze droen, gëtt eng Dall gebaut an ënnerierdesch wäert och de Stockage an aner Raimlechkeete vum Restaurant sinn. Saachen, déi de Public natierlech spéider net wäert gesinn.
Engersäits kann een an Zukunft iwwert d’Trapp déi haut schonn do ass op der Südsäit vu baussen an de neie Sall kommen, oder awer iwwert dat aktuellt Gebai duerch e gliesenen Tunnel, respektiv och iwwert en Trapenhaus an e Panorama-Lift duerch de Restaurant erop an e Virraum vun deem neie Sall.
De Chantier huet awer och en Impakt op dat aktuellt Gebai an dat deelweis méi wéi een ufanks gemengt huet. Virun allem wärend deem Verschiddenes ofgerappt gouf, Dallen erausgerappt ginn, ass de Schall dovu bis an d’Säll ze héieren, obschonn se extrem gutt isoléiert ginn. Et goufen awer bis ewell net vill Deeg, op deenen de Chantier huet missen ënnerbrach ginn, ofgesi wann zum Beispill Opname vum Orchester gemaach goufen an dann net bausse mam Presslofthummer konnt geschafft ginn. Den Avantage ass, datt de Gros vun der Programmatioun owes oder weekends ass an normal weider lafe kann. Aktuell ass virgesinn, datt dat neit Gebai am September 2027 fäerdeg ass.